BATINVEST
Immobilière et Construction
20, Allée Louis Ackermann
L-1897 Kockelscheuer
+352 36 05 40 1
De Batinvest Beachvolley 2018 ass dëst Joer samsdes, den 9. Juni um Beachvolley “A Mouschelt” zu Lëntgen. De Batinvest Beachvolley ass e Fräizäittournéier, bei deem et an éischter Linn ëm de Spaass an e flotten Dag geet. Trotzdem kann een och bei eis eppes gewannen:
1te Präis: e Bong am Wäert vun 200€ fir am Restaurant de la Gare zu Lëntgen
2te Präis: e Bong am Wäert vun 150€ fir am Restaurant Chez Ben zu Lëntgen
3te Präis: e Bong am Wäert vun 100€ fir am Café de la Fontaine zu Goussel
Ganz beléift ass och all Joer eise Gluggli-Cup, eng Coupe fir déi Ekipp mam beschten Duuscht.
D’Aschreiwunge fir déi ugemellten Ekippen sinn den Dag selwer moies vun 10.30 bis 11.00 Auer um Site! D’Duschen an d’Vestiairen stinn de Spiller a Spillerinnen selbstverständlech zur Verfügung. Den Tournoi fänkt pünktlech um 11.30 Auer un. Ab 10.30 Auer gett et iwwregens och z’iessen an ze drénken…
250 rue de Fischbach
L-7447 Lëntgen